Vide Dressing Junglinster

19
Oct
2019
19 Oct

Den Dësch-Tennis Buerglënster organiséiert den 19. Oktober 2019 nees säi

Vide Dressing (vu 16 Joer un)

zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1 rue Emile Nilles,
vun 9.00 bis 16.00 Auer.

Wann Dir Äre Kleederschaf wëllt raumen an interesséiert sidd, Äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen, Bettwäsch asw. hei ze verkafen, da kënnt Dir Iech umellen iwwer:

vide.dressing.junglinster@gmail.com

vum 23. September 2019 (0.00 Auer) un. Mir huele keng Umeldunge virun dësem Datum un.

D’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 10 €.

No der Umeldung kritt Dir eng Confirmatioun an dann ass d’Standgeld ze iwwerweisen, an dat bis spéitstens den 30. September 2019 .

Mat der Umeldung akzeptéiert Dir eis Konditiounen.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.

- Wann een net deelhëlt, gëtt et kee Remboursement.

www.facebook.com/videdressingjunglinster/