Vide Dressing Junglinster

21
Oct
2017
21 Oct

Den  Dësch-Tennis Buerglënster organiséiert den 21. Oktober 2017 nees säin

Vide Dressing (ab 16 Joer)

zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1 rue Emile Nilles,

vun 09.00 bis 16.00 Auer.

Wann dir äre Kleederschaf wëllt raumen, an interesséiert sidd äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen,Bettwäsch asw. hei ze verkafen, dann kënn dir iech umellen iwwer: 

vide.dressing.junglinster@gmail.com

vum 25.09.2017 un.

Mir huelen keng Umeldungen virum dësem Datum un.

D’Zuel vun de Platzen ass limitéiert. 

De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 10 € . 

No der Umeldung, kritt dir eng Konfirmatioun an dann ass Standgeld ze iwwerweisen, an dat bis spéitstens den 06.10.2017 .

Mat der Umeldung akzeptéiert dir eis Konditiounen.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt. 

Hei all Detailer a Konditiounen fir e gudden Oflaf vun dëser Manifestatioun ze garantéieren: 

- Wann een net deelhëlt, gëtt et kee Remboursement.

- De Vide Dressing dauert vu 9.00 bis 16.00 Auer. Fir den Oflaaf net ze stéieren, ass während der Zäit keen Opbau, a keen viirzäitegen Ofbau vun de Stänn erlaabt. De Stand gëtt virun 9.00 Auer opgeriicht an ab 16.00 Auer ofgeriicht. Merci fir äert Verständnis.

-          All Verkeefer ass responsabel fir seng Saachen. Den Dëschtennis Buerglënster iwwerhëlt keng Verantwortung bei Déifstal, Vandalismus a Perten déi während der Manifestatioun kéinten passéieren. 

-          Wëll et  sech em e Vide Dressing handelt, biede mir Iech keng nei Saachen unzebidden, an och nëmme Saachen ab 16 Joer. E Second Hand mat Kannergezei gëtt vun enger aner Associatioun organiséiert, a bei  Bedarf deele mir iech gär eng Kontaktadress matt. 

-         D’Verkafsplaz ass och ronderëm strikt begrenzt, an d’Verkeefer musse sech un déi virgeschriwwe Regelen, déi eis vun der Gemeng operluecht sinn, halen. 

- Denkt och w.e.g. drun genuch Mënz vir är Keess matzebréngen J

Bei Froen stinn mir Iech gär zur Verfügung a mir wënschen Iech vill Erfolleg beim Verkaf.

vide.dressing.junglinster@gmail.com

www.facebook.com/videdressingjunglinster/