Vide Dressing Jonglënster

15
Oct
2022
15 Oct

Den Dësch-Tennis Buerglënster organiséiert den 15. Oktober 2022 nees säi

Vide Dressing (vu 16 Joer un)

zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1 rue Emile Nilles,
vun 9.00 bis 16.00 Auer.

Wann Dir Äre Kleederschaf wëllt raumen an interesséiert sidd, Äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen, Bettwäsch asw. hei ze verkafen, da kënnt Dir Iech umellen iwwer:

vide.dressing.junglinster@gmail.com

den 26. September tëschend 19.00 an 20.00 Auer.

Mir huele keng Umeldunge virun dësem Datum un.

D’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. Wann zevill Leit sech umellen, gët geloust !!

De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 12 €.

No der Umeldung kritt Dir eng Confirmatioun, dann ass d’Standgeld ze iwwerweisen, an dat bis spéitstens den 3. Oktober 2022 .

Mat der Umeldung akzeptéiert Dir eis Konditiounen.

Wann een net deelhëlt, gëtt et kee Remboursement.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.

Hei all d’Detailer an d’Konditiounen, fir e gudden Oflaf vun dëser Manifestatioun ze garantéieren:

- De Vide Dressing dauert vun 9.00 bis 16.00 Auer. Fir den Oflaf net ze stéieren, ass wärend där Zäit keen Opbau a kee virzäitegen Ofbau vun de Stänn erlaabt. De Stand gëtt tëschent 7.45 Auer an 9.00 Auer opgeriicht a vu 16.00 Auer un ofgeriicht. Merci fir Äert Versteesdemech.

- E klengt Plakat um Dësch, mat de Gréissten vum Gezei (S, M, L), géif d'Akafen erliichteren. (op Nofro vun eise Shopping Queenen) 😉

- All Verkeefer ass responsabel fir seng Saachen. Den Dëschtennis Buerglënster iwwerhëlt keng Verantwortung bei Déifstall, Vandalismus a Perten, déi wärend der Manifestatioun kéinte passéieren.

- Wëll et sech em e Vide Dressing handelt, biede mir Iech, keng nei Saachen unzebidden an och nëmme Saache vu 16 Joer un. E Second Hand mat Kannergezei gëtt vun enger anerer Associatioun organiséiert, bei Bedarf deele mir Iech gär eng Kontaktadress mat.

- D’Verkafsplaz ass och ronderëm strikt begrenzt, an d’Verkeefer musse sech un déi virgeschriwwe Reegelen, déi eis vun der Gemeng operluecht sinn, halen.

- Denkt och w.e.g. drun, genuch Mënz fir Är Keess matzebréngen J

Bei Froe sti mir Iech gär zur Verfügung a mir wënschen Iech vill Erfolleg beim Verkaf!

Instagram : videdressingjun

www.facebook.com/videdressingjunglinster/