Vide Dressing Jonglënster

24
Mar
2018
24 Mar

Den Dësch-Tennis Buerglënster organiséiert de 24. Mäerz 2018 nees säi

Vide Dressing (vu 16 Joer un)

zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1 rue Emile Nilles,

vun 9.00 bis 16.00 Auer.

Wann Dir Äre Kleederschaf wëllt raumen an interesséiert sidd, Äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen, Bettwäsch asw. hei ze verkafen, da kënnt Dir Iech umellen iwwer:

vide.dressing.junglinster@gmail.com

vum 26. Februar 2018 un. Mir huele keng Umeldunge virun dësem Datum un.

D’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 10 €.

No der Umeldung kritt Dir eng Confirmatioun an dann ass d’Standgeld ze iwwerweisen, an dat bis spéitstens den 9. Mäerz 2018.


Mat der Umeldung akzeptéiert Dir eis Konditiounen.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.

- Wann een net deelhëlt, gëtt et kee Remboursement.

Hei all d’Detailer an d’Konditiounen, fir e gudden Oflaf vun dëser Manifestatioun ze garantéieren:

- De Vide Dressing dauert vun 9.00 bis 16.00 Auer. Fir den Oflaf net ze stéieren, ass wärend där Zäit keen Opbau a kee virzäitegen Ofbau vun de Stänn erlaabt. De Stand gëtt tëschent 7.45 Auer an 9.00 Auer opgeriicht a vu 16.00 Auer un ofgeriicht. Merci fir Äert Versteesdemech.

- All Verkeefer ass responsabel fir seng Saachen. Den Dëschtennis Buerglënster iwwerhëlt keng Verantwortung bei Déifstall, Vandalismus a Perten, déi wärend der Manifestatioun kéinte passéieren.

- Wëll et sech em e Vide Dressing handelt, biede mir Iech, keng nei Saachen unzebidden an och nëmme Saache vu 16 Joer un. E Second Hand mat Kannergezei gëtt vun enger anerer Associatioun organiséiert, bei Bedarf deele mir Iech gär eng Kontaktadress mat.

- D’Verkafsplaz ass och ronderëm strikt begrenzt, an d’Verkeefer musse sech un déi virgeschriwwe Reegelen, déi eis vun der Gemeng operluecht sinn, halen.

- Denkt och w.e.g. drun, genuch Mënz fir Är Keess matzebréngen J

Bei Froe sti mir Iech gär zur Verfügung a mir wënschen Iech vill Erfolleg beim Verkaf!

vide.dressing.junglinster@gmail.com

www.facebook.com/videdressingjunglinster/