Vide Dressing

27
Oct
2018
27 Oct

Den Dësch-Tennis Buerglënster organiséiert de 27. Oktober 2018 nees säi

Vide Dressing (vu 16 Joer un)

zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1 rue Emile Nilles,
vun 9.00 bis 16.00 Auer.

Wann Dir Äre Kleederschaf wëllt raumen an interesséiert sidd, Äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen, Bettwäsch asw. hei ze verkafen, da kënnt Dir Iech umellen iwwer:

vide.dressing.junglinster@gmail.com

vum 8. Oktober 2018 un. Mir huele keng Umeldunge virun dësem Datum un.

D’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 10 €.

No der Umeldung kritt Dir eng Confirmatioun an dann ass d’Standgeld ze iwwerweisen, an dat bis spéitstens den 14. Oktober 2018.

Mat der Umeldung akzeptéiert Dir eis Konditiounen.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.