Säit 10 Joer gëtt am Club Haus op der Heed zu Hëpperdang vun enger Grupp vu motivéierte Fraen am Benevolat fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.
Iwwert d’Wanterméint heekelen a strécken si mat vill Léift zum Detail originell Déierefiguren, déi dann u Frënn a Bekannter awer och op Mäert an am Club Haus op der Heed verkaaft ginn. Och dëst Joer hu Geschäftsleit si ënnerstëtzt a beim Verkaf gehollef: de Salon de Coiffure Cornelia Weidner zu Wäiswampich, d‘Menuiserie Reckinger am Pommerlach an d‘Librairie Zimmer zu Dikkrech.
2025 gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un Associatioun Thérapie Équestre (ATE) an un Club Haus op der Heed fir de Sportsprojet gespent – 3000 € un all Associatioun.
ATE bitt pädagogesch, rehabilitativ a sozial-integrativ Interventiounen, déi iwwert Medium Päerd ëmgesat ginn. No interessanten Erklärungen zur Missioun an den Aktivitéite vun der Associatioun, déi mëttels déiergestützter Therapie, Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen an hirer kierperlecher, sozialer a séilescher Entwécklung Ënnerstëtzung bitt, krute Benevoller Äntwerten zu alle weidere Froen zur Associatioun.
Club Haus op der Heed als wichtegen Acteur am Beräich vum „sport pour tous“, setzt sech an fir qualitativ héichwäerteg Cour’en unzebidden an déi reegelméisseg kierperlech Beweegung ze fërderen. Fir gutt ausgestatt ze sinn a Käschte moderat ze halen a gläichzäiteg Qualitéit ze garantéieren, si Spende wichteg.
D’Schecke goufen dunn un Madame Folmer, Presidentin vun ATE, a Presenz vun de Benevollen an hire Leederinne Jeanny Hentz a Christiane Meyer souwéi der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut iwwerreecht.