Mass bei der Schetzelhiel am Gréngewald


Paroisse St. Esprit-Iewescht Syr - Schetzelféier

Wéi all Joer ass d’Par St. Esprit-Iewescht Syr den 11. August fir déi 54. Kéier an de Gréngewald bei d’Grotte vum Séilege Schetzel gepilgert. Op dëser roueger Plaz am Gréngewald huet sech de Séilege Schetzel déi 14 lescht Joer vu sengem Liewen zeréckgezunn, fir dem Härgott méi no ze sinn. Duerch seng Liewensweis sinn d’Mënschen dem Härgott méi no komm. Dëst Joer war et dann no 15 Joer déi leschte Kéier, wou de Paschtouer Nico Schartz d’Mass gefeiert huet, zesumme mam Paschtouer Bart Coenegrachts vun Hasselt.

D’Chorale Ste. Cécile vun Hueschtert huet de musikaleschen Deel iwwerholl a gouf vun der Madame Kirsten Elmquist begleet.

E grousse Merci geet un den Här Marcel Hoffmann, un d’Chorale, d’Organistin, un de Fieschter an un d’Gemeng Nidderaanven fir de Bus an d’Camionnette.