Generalversammlung Lidderuucht
D’Joer 2024 stoung fir D´Lidderuucht Lëtzebuerg ganz am Zeeche vun de 40 Joer Feierlechkeete mat engem gutt gefëllte Programm. Ugefaangen mat enger Gedenkmass um Cents, engem Galaconcert mat der Hollerecher Musek, an aner Optrëtter duerch d’ganzt Land. En Héichpunkt waren Optrëtter zu Wien beim Schlass Schönbrunn. Ofgeschloss goufen d’Feierlechkeete mat engem Frëndschaftsdag, Apéritifconcert vun SMAL, Concert „Bella Italia“ mam Chouer „Chorus“. Uschléissend Volleksdänz a Lëtzebuerger Lidder virgedroen vun der “Vallée des sept Châteaux” an der Lidderuucht selwer. Als Ofschloss en “Thé Dansant“ mam Jeannot Konter a Marcello Fiore. Dëst war e wichtegen Deel vum Réckbléck “40 Joer Lidderuucht” vum Organisatiounspresident Marcel Blum.
Am Ufank vun dëser Generalversammlung huet de President, Marc Wenner, d’Memberen, d’Éierememberen, d´Éierepresidente vun der Lidderuucht souwéi d’Vertrieder vun der UGDA a Vallée des Sept Châteaux Miersch, begréisst a verschidde Mercien ausgeschwat. No enger Gedenkminutt war et um Rapport vun der Sekretärin, Hornick Geneviève, wou ze héiere war dass et 35 Prouwen an 22 Optrëtter goufen, also e gutt gefëllte Programm. D’Finanze sinn nach gesond, an de Keesebericht vun der responsabel fir d’Keess, Francine Decker gouf vun de Keesserevisoren approuvéiert. All d’Rapporte goufe vun der Versammlung ugeholl. D’Keeserevisoren; Alice Steichen, Mariette Merges an Nicole Risch, sinn nach e weidert Joer dobäi. De Comité mam neie President Wenner Marc gouf approuvéiert.. Am Numm vun der UGDA huet Toini Hoschet der Lidderuucht Merci gesot fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht bei Manifestatiounen. Uschléissend goufe verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger vun hir ausgezeechent: Medaille fir 10 Joer, Magar Karin. Medaille fir 20 Joer, Denise Flies, Charel Risch, Alice Steichen, Nathalie Wagner. Medaille fir 30 Joer, Manette Deckenbrunnen, Marguy Harsch, Margot Moos. Medaille fir 50 Joer, Liesel Juchems. Besonnesch Ausgezeechent gouf de Fränz Harsch mat der Croix de mérite en vermeille fir 20 Joer Comité.
Et war dunn d’Wuert um Chef, Claude Hornick, dee kuerz op d’lescht d’Joer zréck gekuckt huet an allen aktive Merci sot fir hiren Asaz a besonnesch bei verschiddenen Optrëtter am Kader vun de 40 Joer Feierlechkeeten. Och e Merci un d’Brëttelspianisten: Marguy Harsch; Mike Marnach a Claude Reckinger. Fir d’Zukunft wënscht hien sech méi Optrëtter mat Programmen: Lidderuucht, Staminet, Bëschfest, Dicks oder Land a Leit, hei soll jiddereen e bësse Reklamm maachen. E Merci och un de Webmaster, Gilbert Hoscheid, dee quasi en neie Site opgebaut huet mat allen Informatiounen, Fotoen, Filmer vun der Lidderuucht esou och vun de 40 Joer Feierlechkeeten. D’Buch vu 40 Joer Lidderuucht ass nach ze kréien. Infoen dozou wéi och zu de kommenden Optrëtter sinn um Site.
All weider Detailer op www.lidderuucht.lu