1monthfree

Hesper Fuesent 2025

27
Feb
2025
27 Feb

Mir presentéieren Iech de Programm vun der Hesper Fuesent 2025:

Traditionell start d'Hesper Fuesent wéi all Joer mam Altweiberbal, Donneschdes den 27. Februar ab 21:00 am Centre Joseph Altmann. Fir gutt Stëmmung suergen d'Sandy Botsch an Hoffi-Zambezi.

Freides den 28. Februar geet et dann weider am Centre Joseph Altmann ab 21:00 mam Piccobello. Fir iech op der Bün stinn d'Hofnarren, den DJ Dee an den DJ Raymond Delavega.

Eis kleng Fuesboken ginn natierlech och net vergiess, Samschdes den 1. Mäerz organiséiert den Telstar Hesper säin bekannte Snoopysbal ab 14:00 am Centre Joseph Altmann.

Samschdes Owes geet et dann weider mat den Hesper Pompjeeën hierem Fortissimo am Hesper Chalet. Hei geet et um 19:00 lass an fir déi bescht Fues- a Partymusek suergt den DJ Raymond Delavega.


Nom groussen Erfolleg vum leschte Joer, mescht dëst Joer och erëm den Nonnefaschtsbal den Ofschloss vun der Hesper Fuesent. Hei handelt et sech ëm een Thé Dansant mam Sandy Botsch, Sonndes den 2. Mäerz ab 14:00 am Centre Joseph Altmann.

All d'Informatiounen zu den Eventer vun der Hesper Fuesent fannt dir op hesperfuesent.lu