Den Tuerm an d’Waasser
to see more pictures.
Nodeems den frësch renovéierten an neierdéngs national klasséierten Hellenger Waassertuerm den 14. Oktober 2024 an Präsenz vum Kulturminister Eric Thill an enger grousser Bedeelegung vun der Awunnerschaft feierlech ageweit gouf, hat d’Gemengeverwaltung kierzlech op en interessanten Virtrag vum Lokalhistoriker Jean-Paul Meyer iwwert d’Geschicht an d’Renovéierung vum eenzegaartegen Bauwierk an d’Hellenger Méizweckhaal agelueden. Dem Buergermeeschter Roger Beissel war et virbehal déi onerwaart héich Zuel un Nolauschterer häerzlechst ze begréissen an d’Leit op den geschichtlechen Werdegang vum bekannten Hellenger Waassertuerm anzestëmmen.
An der Aféierung zu sengem Referat ass den Riedner kuerz op den onermoosslechen Wäert vum Drenkwaaser an op d’Waasserversuergung an der Regioun agaangen. Heibäi huet hien den Wee beschriwwen, den dat flëssegt Gold aus der Sandsteegéigend ronderëm dem Eischdall bis an d’Fréisenger Gemeng zréck leet.
Den Bau vum markanten Tuerm aus dem Joer 1911 ass ganz enk verbonnen mat der Enn vum 19. Joerhonnert staark expandéierender Industrialiséierung am Süden vum Land an stellt en eemolegen Zäitzeien duer vun der Schafung vum alleréischten Waassersyndikat fir d’Kantoner Esch an Capellen deen am Joer 1908 kreéiert gouf.
Uschléissend ass den Konferenzler op déi fir déi deemoleg Zäit eegenaarteg an nach komplett onerfueren Bauweis vun déier 25 Meter héijer Konstruktioun aus Eisenbeton op Basis vun Portlandzement an speziell gegossenen Formsteng nom Prinzip vum belschen Ingenieur Monnoyer agaangen.
No engem chronologeschen Sträifzuch duerch déi bal 115 Joer al ofwiesslungsräich Geschicht vum Hellenger Landmark, huet den Spriecher d’Konzept vun der opwändeger Renovéierung vun dem wierklech aussergewéinlechen Baudenkmal an der Groussregioun un Hand vun flotten Biller ganz anschaulech dokumentéiert.
Den Virtrag wär sécherlech net komplett gewiescht, falls den Riedner net op déi rezent Polarisatioun an Politikvisioun vun der Renovéierung vum Waassertuerm innerhalb vun der lokaler Awunnerschaft vun der Gemeng agaangen wär.
Als Ofschloss huet den Konferenzler nach op dat spannend vun der Gemeng editéiert an och do erhältlech Buch higewisen, dat Geschicht an d’Renovéierung vum onverwiesselbaren Tuerm erzielt.