Een Erfolleg räichen 1 Mee Tournoi vum Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg


Den 1ten Mee hat den Dëschtennis GROUSSBUS-MAERZEG op déi 16. Oplag vu sengem “Grand-Prix Waarkdall” invitéiert. Matt ronn 260 Aschreiwunge konnt ee vu Moies 8.30 Auer bis Owes 20.00 Auer vill spannend a flott Mätcher vun alle Leeschtungsniveaue gesin.

3 vun eise Spiller konnten sech op d'Plazen 2 respektiv 3 an hirer Kategorie placéieren. Dat woren den Tomas Goncalves, de Jean-Paul dit Jemp Mathieu an de Pedro De Almeida.

Houfreg wore mir iwwert de Besuch vun eisen 2 Buergermeeschteren, de Pol Engel vun der Gemeng Groussbus-Wal, an de Mike Poiré vun der Gemeng Mäerzeg. Och Si hunn eis hiert Dëschtennis-Talent gewisen, wat vum RTL Fotograf Romain Ney, a Bild festgehale gouf.

Fotoe fannt Dir ënnert dësem Link: https://www.rtl.lu/fotoen/39432.html

Erstaunt hu Si sech och gewisen iwwert den Opwand an d‘Infrastruktur déi vir en Tournoi vun esou enger Envergure noutwendeg ass.