'Schlüpferesch'- onvergiesslech Owenter am Stued Theater zu Gréiwemaacher

Vum 10. bis den 13. Mäerz 2011 huet de privat gefouerte Stued Theater zu Gréiwemaacher de stëmmungsvolle Spektakel 'Schlüpferesch - en Hommage un déi Wëll Zwanzeger' op d'Bühn bruecht. De Musekstheaterveräin Rhäifränsch mam Orchesterchen 'Frivoli', d'Kommiidiön Harrmonists, d'Dänzer 'Di Zwee Deiteger', de Rudy Wiedoeft-Duo, Kuerzfilm-Klassiker vu Buster Keaton an Harold Lloyd, en zum Deel am Stil vun den 20er Joere verkleete Publikum, vill Brillantine, Boa'en, Perleketten, Fiederen a Schampes hunn déi 4 Deeg onvergiesslech gemat. An d'Lëtzebuergescht iwwersaten däitsch Schlager aus der Zäit, nei schlüpferesch Texter a Musek am Stil vun den 20er, original Arrangementer vun de Comedian Harmonists a virtuos Walzer- a Ragtimemusek fir Saxophon a Piano vum amerikanesche Saxophonist Rudy Wiedoeft sinn opgefouert ginn.
Weider Informatiounen iwwert de Stued Theater um www.urwald.lu