Den Interesseveräin Gaasperech (Syndicat d'intérêts locaux Gasperich) asbl hat gëschter Owend den Cabaret Makadammen mat hirem neie Programm op Gaasperech an den Home St Joseph invitéiert. De Publikum war begéischtert vun där flotter dynamescher Show déi d'Makadammen présentéiert hun. Hei e puer Impressiounen vun engem gelongenen Owend.