Fir dëse 6. Konveniat konnten d‘Organisateure, de Schreiner Jimmy, Floener Francis a Lux Romain, 43 fréier Spiller a Comitésmemberen am Restaurant Klein zu Fréiseng begréissen. Dorënner waren och eng Partie Spiller déi nierwend der Aris och fir déi lëtzebuergesch Nationalequipe gespillt hunn. Erwäänt muss och ginn dass verschidde Spiller sech net ze schued ware fir e wäite Wee op sech ze huele fir bei dësem Event kënne dobäi ze sinn. Bei ganz gudder Stëmmung, engem gudde Maufel a dem wuelverdéngte Patt sinn nees eng ganz Partie aal Anekdote a Spiichten op Tapéit komm. Natierlech ass sech och u déi flott sportlech Erfolleger vun der Aris als fréiere Stater Traditiounsveräin erënnert ginn. Houfreg ware mir och zwee Goalgettere ze begréissen déi géint beschtbekannte auslännesch Veräiner fir ARIS markéiert hunn. Dëst waren de Schreiner John géint Benfica Lissabon a de Mathes Jacques géint de FC Barcelona. All waren sech eeneg dass esou een Event onbedéngt muss a der Zukunft bäibehale ginn. D’Organisateure wäerten sech dem och unhuele.