Foulschter Gesank in Concert 12. Oktober 2024

12
Oct
2024
12 Oct

De Foulschter Gesank invitéiert Iech ganz häerzlechst op séin Concert de 12. Oktober 2024 um 20.00 Auer zu Foulscht am Centre Culturel. Dir braucht och näischt virdrun z'iessen, well vun 18.30-19.30 Auer kritt Dir eng Assiette zerwéiert.

E bëssen duerch Zoufall zitt sech d’Léift wéi e roude Fuedem duerch de Programm vum Foulschter Gesank in Concert, mat Lidder wéi Je l’aime à mourir vum Francis Cabrel, Te quiero vum Mario Benedetti, dem Terzett Wer kann schon ohne Liebe sein aus dem Musical Die drei Musketiere, So weich und warm vum Peter Cornelius, I’m gonna be (500 Miles) vun The Proclaimers oder engem Medley aus Die Schöne und das Biest, gesonge vun eisem Kanner- a Jugendensembel.

Eng Parodie op eng Oper oder eng Moritat gefälleg? Mat Italian Salad an dem Kanéileliss vu Weier ass fir e puer humoristesch Momenter gesuergt.

Awer och d’Frënn vu Filmmusek komme mat Moon River vum Henry Mancini, Nella Fantasia (Gabriel’s Oboe aus The Mission) vum Ennio Morricone oder The green leaves of summer aus The Alamo op hir Käschten, grad ewéi d’Fans vu Coldplay mat Viva la Vida.

De Chouer, ënnert der Leedung vum Claire Garçon-Wio, a seng Soliste gi begleet vum Jos Majerus um Piano, dem Ben Weis um E-Bass an dem Jacques Créton op der Batterie.De Programm gëtt Iech presentéiert vum Christine Lallemand a Caroline Garçon.

Umeldung bis den 8.10. um Tel. 23620250 oder Gsm 691508284

Entrée mat Assiette 30€

Entrée ouni Assiette 12€

Wichteg:

Am Kader vu „Green Events“ wëlle mir an Zukunft eis Evenementer, méi nohalteg gestalten. Fir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen, versiche mir de Verbrauch vu Ressourcen ze reduzéieren, an op ekologesch, lokal/regional, bio a fair gehandelt Produit’en zréck ze gräifen.

♻️🌱Speziell fir de Concert : Foulschter Gesank in Concert, de 12. Oktober, huele mir dofir folgend Moossnahmen:

👉e groussen Deel vun eisem Iessen a Gedrénks ass lokal/regional, bio oder fair gehandelt;

👉mer benotze just Mehrwegbesteck a Glieser fir d’Iessen an d’Gedrénks.;

👉mir verzichten op Eewee-Artikelen an op Plastik, iwwerall do wou et méiglech ass;

👉mir reduzéieren eise Reschtoffall andeems mir den Offall richteg trennen a recycléieren;

👉bei der kompletter Bühnebeliichtung handelt et sech ëm LED-Luuchten.

Mobilitéit:

Mir encouragéieren Iech, amplatz vum Auto op alternativ Transportmëttel zeréckzegräifen.

👉Bus: de nooste Busarrêt ass virum Centre Culturel zu Foulscht. D’Buslinnen 120 a 121 bleiwen hei stoen. D’Info’en iwwer Bustrajet’en fannt dir op www.mobiliteit.lu.

👉Velo: et gëtt e Velostänner bei der Sporthal.

👉Wann Dir mam Auto kommt, da recommandéiere mir de Covoiturage.

E grousse Merci un den Oekozenter Pafendall fir hir Ënnerstëtzung. Méi Informatiounen iwwer „Green Events“ fannt Dir op greenevents.lu.