Fëlschdref.16 fréier Zaldoten vun der Transmissioun 1964 hun sech dest Joer den 8ten November eremgesinn bei Geleeënheet vun genee 60 Joer "entlooss"."Rassemblement" war matzäiten op dem Drillsquare vum Härebierg.No der Foto virun der Cantine,der Visualisatioun vum Diaporama am Festsall war et un enger gefouerter Visite iwwert den Centre Militaire.Den Drink/Apéro huet den Ofschloss gemat vum Besuch vun der Plaz wou mir eisen Militärdéngscht vun 9 Méint an och méi;fir deen Een oder Aneren;geléescht hunn.En exzellent Mëttegiessen war am Restaurant Faust zou Longsdref bei allerbeschter Laun.Eng Gedenkminutt gouff ageluecht fir all Komeroden déi ons schons verlooss.Merci gouff gesot fir déi gutt Organisatioun déi och weiderhinn an den Hänn vun Kieffesch Ren sollt bleiwen.Et gouff een sech eens,dass den nächsten Rendez-Vous an der Stad Lëtzebuerg sollt sinn bei nach beschter Gesondhét an weiderhin enger gudder Komerodschaft wéi dat bis elo nach ëmmer de Fall. Kieffer René.