Firmung an Par St Méchel Mëllerdall

De 6. Juli 2024 hunn 19 Jugendlecher aus der Par St. Méchel Mëllerdall d‘Firmung an der Parkierch vun der Fiels empfaangen.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich gouf assistéiert vun dem Deche Jean-Jacques Flammang, dem Paschtouer Robert Kuzwela an dem Diakon Michel Bingen.

Als Virbereedung hunn déi Jugendlech sech ëfters getraff z.b. fir e Gebietsowend, d‘Participatioun un enger Adventsmass, d‘Virbereedung op d’Faaschtenzäit mat der Boussfeier an der Par an eng Visite vun de „champs de batailles“ zu Verdun hunn zu hiren Aktivitéite gehéiert. Temoignagë vun engagéierte Chrëschten an „d‘Ausenanersetzung“ mam Hellege Geescht a senge Wierker hu si op hirem Wee erlieft.

Den Här Kardinol encouragéiert déi Jonk sech op den Hellege Geescht anzeloossen, wëll Hien d’Verbindung zu Gott an eng immens Kraaft ass, fir si op hirem Liewenswee ze begleeden. Och wann de Jugendlechen Ängschten huet viru senger Zukunft, senger Léift an ëm de Fridde, kennt den hellege Geescht bei hien a schenkt him Courage, Hoffnung a Fridden am eegenen Häerz. E stellt den Hl. Geescht als en zouverléissege Guide duer deen ëmmer fir Eenheet, Zesummeféierung a Fridde steet. E seet hinnen, dat Gott si all super fënnt an dat si Frënn vu Gott sinn, deen si ni fale léisst.

Gesanglech a musikalesch gouf d‘Firmungsmass vun der Chorale réunie Waldbëlleg, Haler, Beefort an der Fiels gestalt, ënnert der Leedung vum Här Claude Schmit. Zum Schluss vun der Mass krut den Här Kardinol e puer Spezialitéiten aus dem Mëllerdall iwwerreecht, ier d’Gemeng aus der Fiels op den Éierewäin invitéiert huet.