15 Jugendlicher aus der Par Äischdall an Aterdall gefirmt


Ieverléng: An der festlich gerëschter Kierch vun Ieverléng hun e Freiden, den 22. November, 15 Jugendlicher aus der Paren Äischdall an Atertdall, d’Sakrament vun der Firmung empfangen. De feierlichen Gottesdëngst gouf vum Weibëschof Léo Wagener zesummen mam Pater Jean- Jacques Flammang a Pater Nico Turmes konzelebréiert. Den Gesanglichen Deel haat d’Chorale aus der Gemeng Useldeng mat hirem Dirigent Fernand Even an Organist Carlo Phillippe iwerholl. Wärend der Mass huet d’Presidentin vum Pastoralrot Betty Heimermann- Wio d’Wuert ergraff an ass kuurz op Bedeitung vun der Firmung agaangen. Weider Mercien gongen un d’Memberen vum CGP fir hir Presenz, un d‘Arbechtsgruppen, an de Massendinger an natirlich och un d’Firmlingen, den Yves Peters den Pater Nico Turmes, déi d’Firmlichen virbereet hun an och zesummen och eng schéi Mass matgestallt hun. Och all de Leit, Joncker a Kanner, déi present waren gouf Merci gesoot. Gottes Geescht soll duerch dess schéi Firmung an der Par nach besser wierken. Beim Empfank am Festsall huet de Buergermeeschter Pollo Bodem mam Schëffen Raoul Schaaf a senger Ried um Numm vun der Gemeng Useldéng di vill Gäscht mam Weibëschof Léo Wagener, de Pateren Jean- Jacques Flammang an Nico Turmes och häerzlich Wëllkomm geheescht, an zesummen op den traditionellen Éierepatt invitéiert. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)