D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert iech dënschdes, den 3.Juni 2025 um 19.30 Auer op ee Liesungsowend mam Jean-Marie Backes.
Den Auteur liest aus senge Publikatiounen:
"Große Kunst und harte Arbeit": Geschichten aus dem Lëtzebuerger Alldag stinn am Vierdergrond, ënnert anerem Geschichte vun Ettelbréck a vu Veianen.
"Alltag im Rückspiegel": Den Auteur war an Archiven, Gemengen an a Bibliothéiken ënnerwee, hie begéint do Lokalhistoriker a Mënschen, déi eppes ze erzielen hunn, aus dem Alldag vun den 1960er Joren.
Mir freeën eis op äre Besuch!
Fräien Entrée - Keng Reservatioun
Foto © Etbib