D’Noa kämpft säit Joren mat enger onsiichtbarer Behënnerung. No jorelaangen Leiden an vill Zäit an Klinicken, krut d’Noa Ufank Juni en Assistenzhond . D’Peach, eng blond Labi-Joffer, ënnerstëtzt hatt elo am Alldag .
Merci dem Noa fir säin Temoignage, dovun dat hei en Ausschnëtt ass.
“Meng Krankheet erlaabt mir net en normaalt Liewen ze féieren. Ech hunn oft Angschtzoustänn so dass ech net eleng aus dem Haus gin oder de Bus huelen. Ech schlofen oft ganz schlecht, wat sech dann erëm daagsiwwer duerch iwwerméisseg Middegkeet bemierkbar mécht.
Mir feelt et dann un Energie an kierperlecher Kraaft fir eppes ze ënnerhuelen.
Seid ech d’Peach hunn ass mäin Alldag strukturéiert, ech hunn d’Verantwortung fir hatt iwwerholl.Wann ech an enger schwiereger Situatioun sinn, hëlleft Peach mer domadder eens ze gi.
Ech empfannen Léift, Vertrauen an eng déif Frëndschaft fir mäin Hond , wat mer bei Mënschen nëmmen bedéngt méiglech ass.
Mir hunn a kuerzer Zäit eng fest Bindung opgebaut, mir sinn ëmmer zesummen, hatt léisst mech net eleng an ech gi mat Freed op seng Bedürfnisser an. Mir sinn e gutt Team…. Merci der Asa an all hiren Donateuren !”
Den ganzen Text kennt dir op dem Site www.asa-asbl.lu liesen.