Happy Birthday zum 100. Gebuertsdag fir den Robert Strock

đź“·Robert STROCK 100 Joer

Den 3.9.2024

Hien ass den 3. September 1924 zu Schwäbisch/Gmünd an Däitschland als 3. Kand vun 12 op d’Welt komm. Säi Papp war do Enseignant op der Héichschoul fir Bijoutieren. Wéi en 8 Méint al war, ass seng Famill zeréck op Lëtzebuerg komm.

1943 ass hien matt 19 Joer, an den ArbĂ«schtsdĂ©ngscht komm, an dunn als « enrĂ´lĂ© de force Â» an d'Wehrmacht agezu ginn. Un der italieenescher Front ass hien vun den Amerikaner nĂ©ier geschoss ginn, an no engem Openthalt an Algerien mat HĂ«llef vum roude Kräiz an d’USA bruecht ginn an den Tennesse, wou säin zerschossenen Arm an seng riets Hand opĂ©rĂ©iert ginn ass.

Krëschtdag 1945 ass hien aus der Krichsgefaangenschaft entlooss ginn an huet ze Esch eng Plaatz als Bijoutier fonnt wou hien 1949 seng Meeschterprüfung als Bijoutier ofgeschloss huet.

1953 huet hien seng eegen Firma « Horlogerie-Bijouterie en gros Â» gegrĂ«nnt, an eng 100 Bijouterien hei am Land mat Aueren an Bijouen beliwwert. Niwwent dem Beruff als Bijoutier war de Robert een passionnĂ©ierten Fräizäit-KĂĽnstler mat Aquarell an Acryl-Molerei.

Hien war Matgrënner vum Camping-Caravanning Club vun Esch wou hien och 17 Joer hire Präsident war. Hien war laangjärege Comités-Member vum Escher Geschäftsverband a Sänger am Kierchechouer vun Esch/Grenz an Esch/Lalleng.

De Robert war 71 Joer laang glécklech mam Margot Claus bestuet, hien huet 3 Kanner an ass Bopa vun 6 Enkelkanner an 8 Urenkelen.

Duerch seng positiv Astellung, senger gudder Laun a sengem Liewensmutt huet hien alles am Liewen gemeeschtert. Mat der ganzer Famill konnt hien bei gudder Gesondheet elo seng 100 Joer feieren.

D’ Â« Medaille en vermeil de l’ordre de MĂ©rite du Grand-DuchĂ© de Luxembourg Â» krut hien vum Familie-Minister Max Hahn iwwerreecht, an de Buergemeeschter vun Esch Christian Weis a de Schäffen AndrĂ© Zwally hu gratulĂ©iert. Si hunn him nach vill weider Jore voller GlĂ©ck a bei gudder Gesondheet gewĂ«nscht.