Gottseidank hun mer eng Rasselëscht fir Hënn!

An Ubetruecht vun den Donnéen vun 2017 déi ech vun der Administration des Services Vétérinairaires kruut, wollt ech lo mol folgendes lass gin.

2017 goufen also am ganzen zu Lëtzebuerg 41.245 ugemellten Hënn an dovunner sin der 541 dits dangereux.

Natierlech gëtt en bestëmmt nach eng Donkelziffer mee et gëtt och eng Donkelziffer vun NET-Lëschtenhënn déi net ugemellt sin.


Daat heescht dann mol fir unzefänken, dass déi iwwerméisseg schlëmm d'Lëschtenhënn nëmmen liicht méi wéi 1 % vun der Gesamtzuel ausmaan!

Daat heescht am Kloertext , et gin fir 541 Hënn am Land extra Gesetzer geschriwwen an fir 40.704 nët?

Daat heescht wann een et elo ganz streng kuckt, hun mer nëmmen 541 Hënn am ganzen Land déi opgeklärten Meeschteren an déi en offiziellen Dressage Cours mat em gemeet hun?

Well per Gesetz muss den Détenteur vun sou engem Hond jo en Examen théorique maan plus en Examen pratique mat sengem Hond, deen och nach all 3 Joër muss renouveléiert gin.

(Natirlech sin och aner Leit déi Hondsschoulen besichen an brav Hënn hun mee et geet jo drëms d'Absurditéit vun deem Ganzen ze beweisen.)


Sou, also laafen 541 gudd gezillten Hënn duerch d’Lëtzebuerger Ländchen an virun deenen sollen Leit am beschten och nach Angscht hun, well se 'kinnten' per définition an wéinst der Rass geféierlech sin? Daat ass daat selwecht wéi wann een lo giff soen, opgepasst op all déi Leit déi Müller mat ü heeschen, just déi Mueller mat ue déi sin net geféierlech.

Sou! Eisen Här Agrarminister färt jo dass ouni d'Gesetz Zuelen vun den beisen Hënn explodéiert.

2016 goufen et no offiziellen Zuelen 490 gemellten Lëschtenhënn an 2017, 541 gemëllten Lëschtenhënn. Daat sin 51 Hënn méi am GANZEN Land op 1 Joër! Ass daat lo wirklech eng Zuel déi besuergniserreegend ass? Ech mengen jo éischter, dass d’Zuel vun den Chihuahuaen hei explodéiert an daat besuergt mech.


An net ze vergiessen, weider 51 Hënn mat ofgeschlossener Hondsschoul an Theorie fir den Besetzer!? Ech kann et nëmmen widderhuelen. GOTTSEIDANK hun mer eng Rassenlëscht fir Hënn, dass mer als Bevölkerung geschützt gin!

A méditer op mer eis net ALL giffen méi secher fillen wann 41.245 Hënn eng Hondsschoul gesin hätten an Besetzer en Theoriecours gemaat hätt.