Den 12ten Oktober hu sech fréier Schüler vum Joergang 1972 no méi wéi 20 Joer erëm getraff. Nodeems de Buergermeeschter Claude Gleis am Schlass vun Ierpeldeng aktuell Neiegkeeten aus der Gemeng erzielt huet, gouf et ee Patt mat Schnittercher an eng Féierung duerch d'Schlass. Mat vun der Partie waren de Schoulmeeschter Albert Schaack an de Meedercher hir Bitzjoffer, Madamm Irène Heuskin. Duerno gouf et ee gutt Mëttegiessen am Restaurant Dahm an am Nomëtteg kruten déi fréier Schüler hir al Schoul souwéi déi nei Gebeier gewisen. A geselleger Ronn mat muenchen Erënnerungen gouf nach ee Patt geholl an den Datum vum nächste Konveniat a fënnef Joer festgeluecht.