Ännerung am Comité vun der Lëtzebuerger Diabetes Associatioun ALD asbl.

No de Wale wärend der Generalversammlung, déi de 23. Abrëll 2024 ofgehale gouf, sinn d‘Posten am Comité néibesaat ginn. De fréiere President, Roger Behrend, wollt säi Mandat net méi no dräi Joer un der Spëtzt vun der ALD verlängeren, an de Vizepresident, Roger Wirion, huet och säi Récktrëtt no dräi Joer als Vizepresident, 20 Joer als President a 40 Joer am Comité annoncéiert. Bei sengem éischten Zesummekommen, de 13. Mee 2024, huet de Comité d‘Sylvie Paquet als néi Presidentin an de Larry Bonifas als Vizepresident benannt. Sylvie Paquet, e laangjärege Member vun der ALD, ass dem Comité no hirer Pensioun am Joer 2023, bäigetrueden, no deem si 20 Joer laang d'Maison du Diabète als Direktesch geféiert huet. De Larry Bonifas ass säit senger Kandheet Member vun der ALD an ass virun zwee Joer dem Comité bäigetrueden, fir d'Mënsche mat Diabetes ze representéieren.


Den neie Bureau vun der ALD setzt sech esou zesummen:


Presidentin: PAQUET Sylvie
Vizepresident: BONIFAS Larry
Sekretär: SCHRÖDER-CASTENDYCK Henry
Trésorier: GARCIA Patrice