1monthfree

GENERALVERSAMMLUNG BASILIKA CHOUER EECHTERNOACH 2025

Am Kader vum 170. Jubiläum konnt den BasilikaChouer vun Eechternoach bei hirer Generalversammlung op en gudd gefëllten musekalescht Joer zréckkucken .

Den stolzen Präsident Jean Limpach huet allen Memberen härzlech Merci gesot fir hir Ausdauer an hir onermiddlech Motivatioun am Gesang. En groussen Merci goung och un eisen Dirigent Marc Juncker, eisen Organist Jos Majerus sou wéi un d'Gemeng , vertrueden durch den Lucien Saeul an un de Kirchefonds fir hir materiell Ennerstëtzung. Och konnt hien 2 nei Memberen begréissen an härzlech wëllkomm héschen .

Gesond Finanzen goufen présentéiert vun der Trésorière Daniele Schmit, kontrolléiert an approuvéiert vun den Kassen Revisorinnen Michele Zeimetz an Monique Osweiler . En neien Comité gouf gewielt an besteet aus 6 Leit : Jean Limpach, Danièle Schmit, Viv Zeimetz-Lemmer, Cecile Theisen , Carmen Engels, Norbert Sauber.

Mat dem neien Programm fir 2025 könnt och rem vill Arbecht op d'Sänger.innen duer wat Sie All frédeg begréisst hun .

Den Owend ass mam Erzielen vun villen Anekdoten mat engem gudden Pättchen an engem klengen Maufel gemittlech ofgeschloss gin .