Konveniat Joergang 1961 Fousbanner Schoul

Laang huet et gedauert, ma ëmsou méi grouss wor d'Freed wéi et endlech geklappt huet. Kierzlech huet sech de Joergang 1961 aus der Fousbanner Schoul fir hiren éischte Konveniat getraff. Mëttes goung et lass mat enger interessanter Visite am Science Center zu Déifferdeng. E bësse koumen se sech do scho fir wéi nees an der Schoul.  Duerno goung du awer méi gemitterlech virun am Restaurant Del Ponte zu Schuller, wou bis nawell relativ spéid am Owend vill flott Erënnerungen ausgetosch goufen. Ma net vergiess gouf awer och un déi leider vill ze fréi verstuerwe Klassekomeroden/innen ze erënneren.  Mam Verspriechen sech relativ schnell erëmzegesi goung dee flotten Dag op en Enn.