Den 1ten Februar woar et erem esouweit, et ass zur destjähreger Scheckiwwerreschung komm. Dest ass dei 26te jährlech Spendenaktioun gewierscht. Am Beisinn vum Edukatiouns an Logementsminister, dem Buergemeschter an Schaeffenrot, Gemengenrotsmemberen an nach viel anner Leit dei eis gehollef oder soss ennerstetzt hun.
No der Gedenkminut fier eisen leider ze frei verstuerwen Präsident Fred Bertinelli an Alleguerten dei anner Memberen dei nett mei ennert eis sinn huet Vizepräsidentin Gonderinger Conny e ganzen Koup Merci'en verdeelt.
Et hun dest Joer viel Persounen mat groussem Engagement matgehollef fier dat mier um Chreschtmoart konnten ganz viel Euro'en zesummen sammelen. Dofir all Mensch den virun oder hannert den Comptoir gehollef huet nach emol "MERCI FIER ÄER ENNERSTETZUNG" vun den Associatiounen dei een Cheque kritt hun an och besonneg vun den Käeschtenfrenn.
Den Kader dest Joer woar mei sportlech well mier Sporthall Nidderkuer als Raum zur Verfügung gestallt kruten. Eisen Asatz ass jo och souzesoen sportlech, well mier dest Joer an Ronn 24 Deeg Suen gesammelt hun, dest um Hobby an Chreschmoart zu Deifferdeng an um Adventsmoart zu Lasauvage.
Weinst engem Weekendevent am Parc Gerlache, ass leider dat nett angetrat, ewei an engem Zeitungsartikel vum Februar 2024 annonceiert. Dat mier Spend vun 2023 vun bal 45.000€ iwwertreffen.
Mee trotzdem kennen mier Stolz op dei Somme sinn ewou mier wärten iwwerrechen. Am ganzen hun mier un 7 Assosiatiounen (Ancien combattants, Autisme Lëtzebuerg, Förderverein Glut1 defekt, Aipa Kraizbierg, Ligue HMC,Autism Awareness Association Luxembourg an Deifferdeng eng Stadt dei helleft) jeweils 2.278,66€ iwwerwissen. den greissten Scheck ass awer ewei Traditioun an och eis Statuten et virgesinn un Fondatioun kriibskrank Kanner gangen dest mat enger Somme vun 23.925,22€.
Wat domadd eng Gesamtsomme vun 39876,54€ ass ewou gespendt goufen.
No dessem agreabelen Moment huet eis Vizepräsidentin mat engem treinenden Aae geschwaat. Dest well mier den Verain wäerten opleisen an desem Joer keng Spengenaktioun mei machen.
Esou soen mier eisen treien an sympteschen Leit dei eis emmer ennerstetzt hun "ADIEU" soen.
Gonderinger Conny