1monthfree

Visitt vum belsche Veteran Xavier Verzin am Musée National d’Histoire Militaire


Den 12. Juli war ee spannenden Dag fir d’Personal an d’ Visiteure vum Musée National d’Histoire Militaire (MNHM). Den eemolege Volontaire aus dem Zweete Weltkrich, Xavier Verzin war op Besuch am Musée. Den Här Verzin ass mat sengen 99 Joer, ee vun de leschten Zäitzeien aus dem Zweete Weltkrich. Dofir si mir ganz houfreg, dass hien sech d’Zäit geholl huet fir eis am Musée ze besichen. Dës Renconter huet eng eenzegaarteg Geleeënheet gebueden, fir sech an der Geschicht vu sengem Engagement erëmzefannen.

Ugedriwwe vum Wonsch senger Heemecht ze déngen, huet de Xavier Verzin sech scho mat 17 Joer an der ‘Armée Secrète’ zu Louvain engagéiert. Am September 1944, am Alter vun 19 Joer, huet hien sech als Fräiwëllegen der Brigade Piron ugeschloss. De Xavier Verzin war Deel vum Artillerieregiment, First Belgian Field Artillery Regiment. Och wann den Debarquement am Juni 1944 statt fonnt huet, ass et eréischt am August, wou d'Brigade Piron un der Front, an der Normandie, ukomm ass. Hien huet kuerz drop mat senge Komeroden den Uerder kritt, an Holland ze goe fir Deel vun der Befreiung vun Europa ze sinn. Dës war seng lescht Missioun, éier de Krich eriwwer war a säi Kontingent am Dezember 1945 opgeléist gouf.

Dëst Erliefnis an nach weider Anekdoten, huet den Här Verzin eis mat ganz vill Passioun am Interview mam Direkter vum Musée, Benoît Niederkorn gezielt. Déi spannend Geschichten hunn de Visiteuren eng besonnesch Relatioun zu den historeschen Eventer vermëttelt. Wat och dozou gefouert huet, dass d’Reaktiounen vun de Visiteure voller Respekt a Begeeschterung waren. Vill hunn d’Geleeënheet genotzt, dem Här Verzin Froen ze stellen a Fotoen ze maachen. Besonnesch emotional war wéi hien iwwer seng Frënn a Komeroden geschwat huet, déi hien am Krich verluer huet.

De Xavier Verzin huet betount, wéi wichteg et ass, d’Erënnerung un dës schwiereg Zäiten ze erhalen an un déi nächst Generatioune weider ze ginn. Zumools am aktuelle Kontext. Hien hofft, dass säi Besuch am Musée d’Bedeitung vun der Fräiheet an dem Fridde wäert ervirhiewen, déi seng Generatioun esou haart erkämpft huet.

Auteur: Hakim Bouchama/ Volontär Service National de la Jeuneese