Concert Melodies of Liberation

23
Nov
23 Nov

D'Philharmonie Municipale vun Dikrech an hire Chef Daniel Heuschen si frou, dass si d'Veiner Musik ënnert der Direktioun vum Tobias Rippinger den 23. November kënnen empfänken. D'Veiner Musik ass 1848 gegrënnt ginn an ass haut e jonken an dynameschen Orchester. Nom Accueil vun den Dikricher Junioren ënnert der Direktioun vum Bob Minette, offréiert d'Veiner Musik en originellen an ofwiesslungsräiche Programm. An der 2. Hallschent presentéiert d'PMD weider Stécker am Kader vum 80. Anniversaire vun der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch déi alliéiert Truppen.


Ënner dem Label #GreenEvents wëlle mir an Zukunft eis Evenementer, méi nohalteg gestalten. Fir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen, versiche mir de Verbrauch vu Ressourcen ze reduzeieren, an op ekologesch, lokal/regional, bio a fair gehandelt Produit'en zréck ze gräifen.

Fir eise Concert huele mir ë.a. folgend Moossnahmen:

e groussen Deel vun eisem lessen a Gedrénks ass lokal/regional, bio oder fair gehandelt;

fir eist Gedrenks benotze mir Mehrweg-Glieser;

mir verzichten op Eewee-Artikelen an op Plastik, iwwerall do wou et méiglech ass;

mir reduzéieren eise Reschtoffall andeems mir den Offall richteg kennzeechnen, trennen a recycléieren;

Mobilitéit:

Mir encouragéieren lech, amplatz vum Auto op alternativ Transportmëttel zeréckzegräifen.

d'CFL Gare mat all hiere Busarrêten läit manner wéi 300 Meter vun der Aler Seeërei ewech. All d'Info'en iwwer d'Fuerpläng fannt Dir op mobiliteit.lu.

Et gëtt natierlech och e Velostänner beim Centre Culturel.

Wann Dir awer mam Auto kommt, da recommandéiere mir de Covoiturage.

E grousse Merci un den Oekozenter Pafendall fir hir Ennerstëtzung. Méi zum Thema fannt Dir op greenevents.lu.