Den 19. Juni 2024 huet Pauline Sietzen-Schartz hiren 100ste Gebuertsdag gefeiert.
Den 21. Juni 2024 hatt Madamm Sietzen-Schartz dann déi Éier de Minister Max Hahn perséinlech am Altersheem ze treffen.
De Minister ass deen Dag op Cliärref komm fir hir den “Ordre de mérite” vum Grand-Duc ze iwwerreeschen. Bei engem Glas Schampes am Krees vun hirer Famill ass op hire laange Liewenswee zeréckgekuckt ginn.
Als zweetjéngst Meedche vu 6 Geschwëster ass Pauline Schartz den 19.06.1924 zu Holler op Welt komm . Hir Kandheet a Jugend, déi duerch de Kréich gepräägt war, huet si do verbruecht.
De 26. Mäerz 1951 gouf Hochzäit mam Jean Sietzen, engem Holler Jong, gefeiert.
Zesummen hu sie dunn zu Holler hire Bauerebetrib gefouert a si hunn 2 Kanner krit. Am Laf vun der Zäit hatt Famill sich vergréissert an haut gehéieren 4 Enkel - a 4 Urenkelkanner zu hirer Familljen.
Jorelaang huet si hir Schwéierelteren doheem versuergt a wéi hire Mann krank ginn ass, huet si och hee gepfleegt bis heen den 19. November 2005 verstuerwen ass.
Mat Hëllef vun engem Pfleegedéngscht an hirer Famill wor et hir gegonnt bis de September 2023 doheem ze bleiwen an elo verbréngt si hire Liewensowend an der Résidence des Ardennes zu Cliärref, wou si sech mëttlerweil gudd agelieft huet.