Am Kireldaal beim Kirelshaaf

D'Kirel ass eng Baach am Norde vu Lëtzebuerg. Si entspréngt südlech vun der Industriezon vu Lenzweiler-Eeselbuer um Flouer Fenn op enger Héicht vu 503 Meter. Si leeft a südlecher Richtung tëscht den Uertschafte Wäicherdang a Knapphouschent laanscht de Kirelshaff bis se westlech vu Mäerkels, no 26 km, op enger Héicht vun 289 Meter an Woltz leeft.