1monthfree

Scheckiwwereechung

De Bouser Spektakel huet den 3. Abrëll 2025 op seng Generalversammlung op Bous invitéiert.


De Bouser Spektakel huet et sech zur Aufgab gemaach, een Deel vun der Recette vun hire järlechen Theateropféierungen, ze spenden.


Dëst Joer waren d'Memberen houffereg e Scheck vun 2.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner kënnen ze iwwereechen.

D'Fondatioun begleet zanter méi ewéi 35 Joer Kanner déi u Kriibs erkrankt sinn an hir Famillje, an ënnerstëtzt och aktiv d'Recherche géint de Kriibs bei Kanner.


De Komité an d'Memberen vum Bouser Spektakel soen jidderengem deen dëse Geste erméiglecht huet, e grousse Merci.