1monthfree

Uebstbam-Schnëttcours vun der Ëmweltkommissioun Gemeng Biwer

D’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer an Zesummenaarbecht mat dem Fieschter Timo Mann hat de 15. Mäerz op hiren 3. Uebstbam-Schnëttcours agelueden, wou och rëm vill Leit drun deel geholl haten.

Ënner der Leedung vum Marc Thiel vun der Biologescher Statioun SIAS kruten d’Leit gewise wéi een Uebstbeem richteg schneide soll.

Am Bongert vum Här Ady Goebel zu Biwer um Knapp, hunn d‘Amis de la Croix Rouge vu Biwer verschidde jonk an al Äppelbeem, wou souwuel en Erzéiungsschnëtt vu jonke Beem, wéi och de Schnëtt bei eelere Beem huet misse gemaach ginn.

Verschidden interesséiert Leit konnten och selwer ënner der Uleedung vum Marc Thiel di verschidde Schnëttmethoden praktesch ausprobéieren.

Zum Ofschloss gouf et nach eng kleng Stäerkung an e Patt.