D’Amis de la Croix Rouge Biwer hunn hiren 50. Gebuertsdag gefeiert
to see more pictures.
D’Amis de la Croix-Rouge Biwer haten elo kierzlech op hire 50. Gebuertsdag invitéiert. Gegrënnt am Joer 1974, hate 14 Frënn sech d’Ziel gesat, d’Lëtzebuerger Rout Kräiz bei hiren Aktiounen a Manifestatiounen ze hëllefen, awer och aner Wueltätegkeetsorganisatiounen ze ënnerstëtzen. No sou munchen Héichten an Déiften huet de Veräin am Moment 16 aktiv Memberen.
An all deene Jore koum déi flott Zomm vu méi ewéi 150.000 € zesummen, déi de verschiddenen Organisatiounen ewéi d’Canne Blanche, dem Institut St. Joseph vu Betzdorf, dem Kannerland, Foyer Pietert, Kannerduerf Miersch, Soins à domicile Waasserbëlleg, Sclérose en Plaque, Altersheem ob Lamp, …… oder méi rezent den Iles aux Clown resp. der Fondatioun Wonschstär, fir gezielte Projeeën zur Verfügung gestallt goufen. Reegelméisseg war awer och an där Zäit d’Lëtzebuerger Rout-Kräiz eraus gewielt gi fir Projeeën ze ënnerstëtzen. Bei Geleeënheet vun dëser Feierstonn, hu mir dem Lëtzebuerger Roude Kräiz a Präsenz vun der Madame Mireille Neuen, responsabel Direktesch fir Kanner & Familljen-Hëllef an dem Här Tom Biever, Responsabel vum Centre d’Accueil Norbert Ensch e Scheck an der Héicht vun 12.000 Euro fir de Projet « CANE » iwwerreecht.
Dem Romain Nies, jëtzege President vun den Amis de la Croix-Rouge a Grënnungsmember, gouf fir seng 50 järeg Aktivitéiten am Veräin an am Komitee Merci gesot an e klenge Kaddo iwwerreecht.
D’Membere vum Veräin waren och ganz frou, deen Owend den Här Buergermeeschter Marc Lentz, mat de Membere vum Schäffen a Gemengerot, d’Vertrieder vun de Veräiner aus der Gemeng Biwer a ganz vill Frënn vum Veräin begréissen ze kënnen.
Dës Feierlechkeet gouf ofgeronnt, mat enger flotter Fotoausstellung an Dokumenter aus deene 50 Joer, e puer gudder Häppercher, engem flotte Gebuertsdagskuch an dem Éierewäin deen d’Gemeng Biwer iwwerholl huet.
E grousse MERCI awer och un all Membere vum Veräin fir hiert Engagement, allen Awunner aus der Gemeng Biwer an alle Frënn vum Veräin fir hir trei Ënnerstëtzung an all deene Joren.