ERFOLLEGRÄICH MOTO-CROSS SAISON 2024

IERMSDRËF an WELLËSCHTEN Eng ganz erfollegräich Moto-Cross Saison ass fir eis Jongen op en Enn gaang. Mat vill Fläiss, Wëllen, Disziplin an den dozou gehéierenden Mutt sinn déi zwee Bouwen op déi erhofften 1. Plazen komm. Den Tim NOEL ass an der Kategorie 65ccm Landesmeeschter ginn esou wéi den Sven GEORGES an der Kategorie 85ccm Landesmeeschter ginn ass. Nitt ze vergiessen war dat Ganzt och just méigelech vun der viller Ënnerstëtzung vun hieren Elteren an nitt ze vergiessen hierem wonnerbaren Trainer den Quentin BRICLOT. Een groussen Merci an een décken Löef un den Quentin. Mir freeën eis op d’Moto-Cross Saison 2025.