ASIVEMA TOUR KULTUR AN NATUR ZU STEESEL

De Rendez-Vous wor um 09.00 Auer zu Steesel beim Scoutechalet, Du gong et op d'Spargelfelder vun der Famille Hoffmann, wou die gut Spargelen erausgeholl ginn.

Mir kruten ganz vill Erklärungen, zum Ubau an der Pfleg vun de Felder, wat méi komplizéiert ass, wéi e geng mengen.

Dunn gong et weider op den Haff fir ze gesinnt wéi d'Spargelen weider verschafft , an fir de Verkaf preparéiert a verpaakt ginn.

Bei schéinen Wieder e flotten Spazéiergang.

Eise nächsten Tour as zu Echternach, den 30 Juni 2024, bei der Reimervilla, mat Guide, rendez-vous um 09.00 Auer um Parking beim Séi.