De Le Réveil Bettembourg huet de Weekend zesummen op ee flott an erfollegräicht Joer 2024 zeréck gekuckt. Wéi all Joers huet de Veräin et sech net huele gelooss no der Virstellung vun den Aktivitéits- a Finanzrapporten seng sëllege Memberen ob senger Assemblée générale zu Beetebuerg am Schlass ze éieren.
Vir d’éischt goufen d‘Turner fir hir Championstitele geéiert. Och de Kaderturner hir Aarbecht am Nationalkader, am Cadre Jeunes vun der FLGym an hir gutt Leeschtungen op internationale Competitioune goufen ervir gehuewen.
Nieft Méritants an de verschiddenen Sektioune goufen och eng Réi Trainer a Benevolle fir hiren Invest geéiert. De Veräin lieft vun seng Memberen an ouni hiert Engagement, sief et als Trainer, Juge, am Catering- oder am Opriichtteam an de sëllege weideren Tâchen am Veräin, wier et net méiglech. De Präsident Steve Hoscheid freet sech iwwerdeems och iwwer zwee néi Memberen am Comité, déi an Zukunft tatkräfteg wëlle mat upaken.
Vill Memberen a Frënn vum Le Réveil haten de Wee fonnt, ma och d‘Vertrieder vun der Gemeng an der Flgym ware present. Souwuel de Gusty Graas, Schäffe vun der Gemeng Beetebuerg, wéi och de Gilles Andring, Tresorier vun der FLGym, hunn nëmme gutt Wierder vis à vis vum Beetebuerger Turnveräin fonnt.