Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Schlassconcert Lidder baue Brécken

Den traditionelle Schlassconcert vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg mam Titel „Lidder baue Brécken“, am Sall vum Kultourhaus zu Hünchereng war och dëst Joer erëm e groussen Erfolleg.

Freides de 14. a Sonndes de 16. Juni war de Sall gudd gefëllt. Mat hirer Dirigentin, dem Nancy Back-Kelsen, der Solistin Gaby Wolter-Boever, um Piano begleed vum Daniel Lang, wousst de Chouer säi Publikum mat engem schéinen an ofwiesslungsräiche Programm ze begeeschteren.