Préizerdaul: Wéi et schon säit Joeren zur schéiner Traditioun bei der Préizerdauler Musik, gehéiert, ass dest Joer um Caecilienbanquet, den als Merci an och als Ofschloss vum Joer geduecht ass, zesummen a gudder Ambiance gefeiert gin. Beim Apéritif ass d’Carine Zwank, am Numm vum President Franz Hilger a vum Komitee kuurz op d’Joer 2024 agaangen, wou di Préizerdauler Musik hiren 175. Gebuertsdag gefeiert huet. An deem Kader sin och flott Eventer organiséiert gin, verbonnen mat verschidden High-Lights, wou och fir jidderreen eppes derbéi war, op klassech, rockeg oder mat Blosmusik. No dese Feierlichkeeten heescht et weider an Zukunft kucken. Eng Musik brauch hir Musikanten a Musikantinnen an awer och nei Memberen. Duefir sin mir och beméiht en Ensemble op d’Been ze stellen fir all Ufänger an all Alter déi Loscht hun zesummen Musik ze spillen. E Projet, den fir dat nächst Joer an de Startlächer steet. Mee et därf en och net seng bestoend Musikantinnen- a Musikanten nit vergiesse an duefir fir hirt Engagement, Präsenzen an de Prowen a Concerten oder soss verschidden Aktivitéiten mat der Hoffnung op engt weider gut Zesummesin, Merci ze soen. Nodeems dat de Fernand Muller, President vun d’Feierlichkeeten vum 175. anniversaire vun der Préizerdauler Musik mat hirem Organisatiounskomitee erënnert huet war et um Generalsekretär Marc Thill an Patricia Kohnkow, Member vum Zentralkomitee vun der UGDA, déi no hire Gléckwënsch di besonnësch Éier haaten fir folgend langjährig a verdingstvoll Musikanten mat UGDA- Auszeechungen ze éieren. En 2Insigne „ fir 5 Joer gouf et fir d’Sarah Els- Muller an Danielle Roemen- Reiser. Fir 20 Joer aktive Musikant huet de Misch Loes „médaille de mérite en argent“ ugespëngelt kritt. Fir 40 Joer ass d’Sandra Muller- Gindt mat der „médaille de mérite en vermeil avec palmettes“ ausgezeechent gin. Sandra Pravisani (5 Joer ) an de Jean- Marie Majerus, (30 Joer), an deser Feier nit konnten bäiwunnen , kréien hir „insigne“ an „médaille de mérite en vermeil“ spéider iwereecht. Beim Schluss Wuert huet de Buergermeeschter Marc Gergen de Stellwert vun der Préizerdauler Musik am kulturellen Liewen an der Gemeng besonnësch erviergehuewen an fir Zukunft nach vill Erfolleg gewënscht. (CR) (Foto: Charles Reiser)