1monthfree

"Matières et couleurs"- Théa Peschon- Colbach stellt zu Bartréng aus



Bartréng: Beandrockend sin di ronn50 Biller vun der Kënschtlerin Théa Peschon- Colbach aus dem Préizerdaul, déi ënnert dem Thema „ matières et couleurs“ an der Galerie „ Schauwenberg“ zu Bartréng ze bewonnere sin. D’Kënschtlerin schafft vornehmlich am Acryl an bearbecht hir Gefiller an Iddien an hiren Wierker mat Naturmaterialien. Hir Leidenschaft an hirt Können ënnersträicht sie mat hiren Collagen mat aalen Schrëftstécker a Bicher. Molen bedeit fir Théa Peschon- Colbach Entspaanung an dobéi fir sech zugläich och selwer ze fannen. An deser Ausstellung können sich Besicher virun Allem vun der Farwkraaft iwerzeegen, déi bei denen verschiddenen Wierker och voll zur Geltung kommen. D’Ausstellung zu Bartréng an der Galerie „Schauwenberg“ , 7, beim Schlass mat fräiem Entrée ass folgendermaassen ze besichtigen. Samsdes, den 14. Oktober 2023 vun 14.00 bis 18.30 Auer a Sonndes, den 15. Oktober vun 10.00 bis 12.00 a vun 14.00 bis 18.30 Auer. D‘Vernissagefeier ass Freides, den 13. Oktober um 19.00 Auer. Infos ënnert der Telefonnummer: 621 48 40 96. (CR) (Foto: Charles Reiser)