Gëllen Hochzäit vum Anatole May an Astrid Jakoby vu Bäertref

Den 22. Mee dëst Joer waren et 50 Joer dat sech den Anatole May an d’Astrid Jakoby vu Bäertref zu Réiser op der Gemeng d’Jo-Wuert ginn hunn. Zesummen hunn si zu Peppeng am landwirtschaftleche Betrib vun der Famill May geschafft. Séi sinn awer och nach zäitweis niewebäi anere Beschäftegungen nogaangen, wéi z.B. d’Astrid als Coiffeuse. Den Anatole war am ganze Land bäi de Bauerebetriber bekannt, well hie bäi si gefuer ass fir d‘Kären ze muele mat senger mobiller Millen.

Nodeems si decidéiert haten, am landwirtschaftleche Betrib opzehalen, hu si eng aner Platz gesicht fir hire Liewensowend ze verbréngen a wunne säit 2010 zu Bäertref an der Grondhaffer Strooss an hirem neien Haus.

Et huet net laang gedauert, an déi zwéin hunn sech an d’Duerfliewen integréiert, waren aktiv a verschiddenen Veräiner wéi Fraen a Mammen oder dem Bäertrëffer Rido, an hunn sech an de Gemengekommissioune Kultur an drëtten Alter engagéiert. Dem Astrid seng grouss Passioun war a bleift awer d’Molerei, duerch déi hat schonns un enger Partie Konschtausstellungen deelgeholl huet. Den Anatole ass e passionéierte Fëscher, an hien huet schonns deen een oder aneren nationale Präis bäi Concourse gewonnen.

Zwee Kanner a zwee Enkelkanner sinn aus hierem Bestietnes ervirgaangen.

De Schäfferot huet et sech natierlech net huele gelooss, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen, an dat sie nach laang aktiv kennen bäi allem derbäi sinn.