Den 11. Abrëll waren et 50 Joer dat sech de Robert Hein an d’Josée Ries, allen zwéi gebierteg Escher, zu Schëffleng op der Gemeng d’Jo-Wuert ginn hunn. Dëst war de Start fir zesummen an de Beräicher vun der Hotellerie an de Soins aktiv ze sinn. No verschiddene Statiounen am Süden an am Zentrum vum Land ass d’Famill Hein 1983 op Bäertref komm fir hei de fréieren Hotel Dostert ze iwwerhuelen, an dëse Betrib ënnert dem Numm Chat Botté weiderzeféieren. Mat dem Ofhuelen vun der touristescher Aktivitéit an den 90 Joren an eiser Regioun, hunn si den Hotel an eng éischt Senioreresidenz zu Bäertref ëmgewandelt. Am Laf vun der Zäit huet d’Famill Hein weider där Residenzen am Land opgemaacht, fir du viru 15 Joer d’Firma Päiperléck ze grënnen.
Mam Touristenboom vu viru gutt 15-20 Joer huet d’Famill Hein den Hôtel Bel-Air iwwerholl an d’Senioreresidenz Chat-Botté gouf nees mat engem moderne Konzept als Hotel-Restaurant, genannt Trail-Inn exploitéiert. Et war e Léiwe voller neier Erausfuerderungen an Iddien. Haut ginn all déi Betriber vun hiren zwee Meedercher geréiert an hir Eltere kennen hir wuelverdéngte Pensioun an eiser flotter Gemeng genéissen.
De Schäfferot huet sech eng Éier doraus gemaach, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen, an dat huet natierlech am Gebai vun hirem éischte Projet hei zu Bäertref, am Trail-Inn, stattfonnt.