Freides de 15. November war eng méi lass an den Ateliere vum Lycée Bel-Val. Eng ganz Rei Schüler*innen hunn de neievollelektreschen Mercedes EQS350 ganz genau ënnert d'Lupp geholl. Merbag Lëtzebuerg huet sech dofir entscheedd’Schüler*innen vun der neier Formatioun DT-ME (technicien en mobilité électrique) ze ënnerstëtzen a stellt hinnen dëseVirserienauto fir 3 Joer zur Verfügung. Déi Formatioun an däer d‘Schüler*innen léiere wéi si un Hybrid- an Elektroautoeschaffen, gët am Lycée Bel-Val an am Lycée technique du Centre ugebueden. Tëscht deene Schoule wäert den Auto hin- an hier pendelen.
Wéi den Eric Bailleul, CEO vu MERBAG Lëtzebuerg, bei der Iwwergab betount huet, ass et hinnen immens wichteg dat d’Schüler*innen op modernem Material léieren ze schaffen, fir dat se, wa se no hirer Ausbildung um Arbeschtsmarchéukommen, och déi néideg Kenntnisser hu fir un dësen Autoen ze schaffen. Genau dowéinst wéilt MERBAG d’Schoulendoran ënnerstëtzen.
De Guy Janssens (Service Manager Specific Fleet Benelux) an den David Janssens (District Manager Costumer Service MBC) vum Importateur vu MERBAG Benelux sinn souguer extra aus Bréissel op Bieles komm, fir bei dëser Iwwergabderbäi ze sinn. Si hunn och nach en Diagnosegerät vu Mercedes matbruecht, fir och wierklech un allem, wat et un desemAuto gëtt, kennen ze schaffen. De Guy Janssens sot, dat hien och der Meenung ass, dat eng Ënnerstetzung vun den Hiersteller fir d’Formatiounen nëmme vu Virdeel ass. Sou kennen déi spéider Techniker besser un aktueller Technikausgebilt ginn a beim Patron méi einfach a séier an d‘Aarbechtswelt erafannen.
Jiddefalls sinn d’Schüler*innen immens gespaant, wat et alles un dësem Auto aus dem Luxussegement ze entdecke gëtt. Egrousse Merci un d’Ekipp vu MERBAG Lëtzebuerg fir hire Bäitrag fir eng besser Formatioun am Beräich vun der Elektromobilitéit.