Flotte Konveniat
D’Joergäng 1952 – 1955 vu Bartreng hun sech no 8 Joer Paus erëm gesinn
(foto)
Bartreng. Op Kiermessamsdeg hu sech d’Meedercher a Jongen vun de Joergäng 1952-1955 zu Bartreng erem gesinn, 8 Joer no hirem leschte Konveniat am Summer 2016.
No engem kuerzen Treppeltour durch den Zentrum vum Duerf, hat d’Buergermeeschtesch, d‘Madame Monique Smit-Thijs op den Éirewäin invitéiert.
Den Owend gouf ofgeschloss mat engem gudden Iessen am Restaurant, bei gudder Ambiance a mam Verspriechen sech geschwenn erem ze gesinn.