Omega 90: 259 Persounen hu sech 2016/2017 an de Soins palliatifs weidergebilt

Eng vun den Offere vun der asbl Omega 90 si Formatiounen iwwert d'Palliativsoine fir Professioneller aus dem Gesondheets- an dem psycho-sozio-edukative Sekter.


Enn Oktober kruten d'Participante, déi eng vun deene Formatioune mat Succès ofgeschloss hunn, hir Certificaten am Centre culturel "Schéiss" iwwerreecht. 202 Leit hunn eng Sensibilisatiounsformatioun vu 40 Stonne gemaach, 45 Persounen hu sech 160 Stonne laang an der Vertiefungsformatioun mat de Palliativsoinen auserneegesat, an 12 Participante kruten hire Certificat fir een oder méi Spezialisatiounsmodulen. Déi 259 Participante koumen alles an allem aus 36 verschiddenen Institutiounen.


D'Familljeministesch Corinne Cahen huet an hirer Ried während der Certificatsiwwerreechung ënnerstrach, wéi wichteg et a Situatiounen um Liewensenn ass, vu Professionellen entouréiert ze sinn, déi gutt ausgebilt sinn a a genau wësse, wéi se mat de Patienten an hirer Famill ëmgoen a schwätze kënnen, zemools well d'Kommunikatioun ee vun den Haaptpiliere vun de Palliativsoinen ass.