1. Generalversammlung vun der Energiekooperativ Kanton Réimech

Munneref: D’Energiekooperativ aus dem Kanton Réimech «EKR» huet de 26. Juni am Bierger a Kulturhaus zu Munneref hir 1. uerdentlech Generalversammlung ofgehalen. De Verwaltungsrot (VR) huet bei dëser Geleeënheet den uwiesende Memberen déi geleeschten Aarbechten a fäerdeggestallte Projeten aus dem läschte Joer presentéiert. De President war erfreet iwwert Präsenz vun etleche Kooperateuren , a Sie sinn aus dem detailléierte Bericht gewuer ginn, wat vun der Grënnung, de 7. November 2022 bis Enn 2023 vun all de Responsabelen aus dem VR ugepaakt a realiséiert gouf a nach geplangt ass.

Des Energiekooperativ huet als LEADER-Projet vum Miselerland , ënnert der Leedung vum H.Thomas Wallrich mat Ënnerstëtzung vum H.Olivier Martin vum Energiepark Réiden an dem Wëlle vun den 8 Gemengen aus dem Kanton Réimech, ab dem 14. Juli 2022 mat Schaffen ugefaang.

Nierwend den administrativen Aarbechten an den 13 VR-Treffen, war d’EKR awer och houfreg op Realisatioun vun der 1. PV-Anlag um Daach vum Boulodrome zu Munneref . Bei der Aweiung , den 1. August 2023 ass ee gewuer ginn , dass dëse Projet zesumme mat 46 Kooperateuren realiséiert konnt ginn.

An der AG sinn Membere bei der Virstellung vun der Finanzsituatioun gewuer ginn, datt Joer 2023 mat engem Defizit ofschléisst well an den nächste Joer d’Investissementer natierlech am Vierdergrond stinn.

E Credo deen sech duerch all Virtrag wéi e grénge Fuedem gezunn huet war d’Sich no neie Fongen,sief dat a Form vun nationalen oder europäesche Subsiden oder duerch nei Kooperateuren.

Fir nei Member ze gewannen stinn Informatiounsversammlungen an de verschiddene Gemengen um Programm. Eng éischt war den 8. Februar 2023 zu Munneref, eng zweet war den 19. Mäerz 2024 zu Lenneng an eng weider ass den 10.Juli um 19:00 an der «aler Schoul , rue neuve » zu Réimech geplangt.

Bei der fräier Aussprooch huet de Munneref Buergermeeschter Steve Reckel den engagéierten an onentgeltlech schaffende Leit aus dem VR e grousse Merci zoukomme gelooss. Ier Hien am Numm vu senger Gemeng op den Éierewäin agelueden huet, a well Hien an d’Gemeng Munneref wierkleg hannert dëser Kooperativ stinn, ass Gemeng bereet fir duerch de Kaf vu Parten, selwer Kooperateur ze ginn.

Mat esou Engagementer ass et méiglech déi nächst PV-Projeten, zbsp. Kierch zu Kanech, Brasserie am Hafen zu Schwéidsbeng, de Centre Culturel zu Ierpeldeng, oder och nach de Centre de Visites zu Réimech ze realiséieren.

De VR setzt sech weiderhin aus den 8 Grënnungsmemberen zesummen. Chargeverdeelung bleift och bestoen : President ass de Mike Molling Vertrieder vun der Gemeng Bous-Waldbriedemes, Vizepresident ass de Bruno Renders aus der Gemeng Lenneng, Haaptkoordinator ass de Gérard Willems aus der Gemeng Schengen, Sekretär ass den Daniel Schmit aus der Gemeng Bous-Waldbriedemes, technesche Beroder ass de J-P Schengen vu Réimech, 2.technesche Beroder ass de Luc Mangen aus der Gemeng Duelem, Vertriederin vun der Gemeng Stadbriedemes , Mayke Lentz-Herbrink ass zoustänneg fir Newsletter, de Vertrieder vun der Gemeng Munneref ,Sven Flammang këmmert sech em d’Internet- a Facebook-Säiten.