Generalversammlung vum KC Ganerbaach zu Néng Uespelt asbl

No der Begréissung an enger ganzer Rei Mercie vum President Jos Raus huet de Sekretär Pascal Wiltzius de Réckbléck op d’Saison 2023/2024 gemaach.


Éier de Sekretär op de sportleche Verlaf vun der vergaangener Saison agaangen ass, gouf ënner anerem, d’Deelhuelen um Kongress vun der FLQ, dem Chrëschtmaart an d’Organisatioun vum Catering op der Soirée Cubanole ernimmt.


De sportleche Réckbléck op d’Saison 2023/2024 war den Héichpunkt vum Owend. Mat 22 Lizenzen an 2 Ekippen ass de Club an d’Saison gestart. D’A-Ekipp (Nationale 1), mat 7 Lizenzen, huet zu Alzeng an der Brasserie „Am Trapeneck“ gespillt an déi nei forméiert B-Ekipp (Promotioun), mat 15 Lizenzen, huet zu Uespelt am Restaurant „Am Kraeltgen“ gespillt.


D’A-Ekipp, mat hirem Kapitän Laurent Neyen, huet op der neier Bunn eng ganz reegelméisseg Saison gespillt a konnt sech de Champions-Titel mat 72 Punkten, an domadder den Opstig an d’Lëtzebuerg League sécheren.


Nieft dem Opstig, huet sech d’A-Ekipp an enger ganz spannender Final géint Oenner Ons Eischen och nach d’Coupe de Luxembourg geséchert. Dëst, nodeems een ënner anerem an der Aachtelsfinall e Réckstand an der leschter Partie konnt guttmaachen an, an der Halleffinall den aktuelle lëtzebuerger Meeschter Bieles 2000 konnt klappen.


Dat war awer nach net alles. Nieft der 3. Plaz am Sprint-Championnat vum Sylvain Rossi, konnt sech de Marc Raus och nach d’Gold-Medail bei der Eenzelmeeschterschafft vun den Hären A sécheren. Ënnert den Top 10 konnten sech nach de Sylvain Rossi, Auré Da Silva, Patrick Houtsch a Camille Hoss platzéieren.


Déi nei forméiert B-Ekipp, mat hirem Kapitän Jos Raus, huet an hirer éischter Saison 8 Matcher am Championnat gespillt, dovunner 7 Matcher gewonnen an insgesamt nëmme 7 Punkten ofginn. Um Schluss stoung de Champions-Titel an der Promotioun an domadder den Opstig an d’Éierepromotioun.


Och an der Coupe FLQ konnt sech d’B-Ekipp den Titel sécheren; dëst mat enger souveräner Leeschtung an der Finall géint de KC Kayl 2000.


Do dernieft konnt sech den Andy Rossi och nach d’Gold-Medail bei der Eenzelmeeschterschaft vun den Häre B sécheren. Hei stoungen nach de Jos Raus an de Sascha Wiesen vun der B-Ekipp an der Finall.

Zesummegefaasst stinn um Enn vun der Saison deemno 2 Champions-Titelen, 2 Coupen, 2 Gold-Medaillen bei den Eenzelmeeschterschaften an eng Bronze-Medail beim Sprint fir de KC Ganerbaach zu Néng Uespelt op der Lëscht.


Nom Sekretär war et dunn de Keessjee Patrick Back deen e positive Bilan vun der Saison 2023/2024 virstelle konnt.


No de Rapporte vun de Kapitänen an der Neiwiel vum Comité gouf nach en Ausbléck op d’Saison 2024/2025 gehäit. Nieft de sportlechen Erausfuerderunge stiechen hei virun allem verschidden Organisatiounen am Kader vum 50. Anniversaire ervir. Eng Party am Mee, d’Organisatioun vum Kongress vun der Federatioun am Juli, d’Coupe de l’Amitié fir Veräiner aus der Gemeng an eng Séance Académique am Uespelter Schlass fir d’Joer ofzeschléisse sinn nëmmen e puer vun de Punkten déi de Club wäerten erwaarden.


Nom offiziellen Deel gouf den Owend mam traditionellen Interclub a geselleger Ronn ofgeschloss.