Reech d’Fakel weider! Rucksakbibliothéik vun de Schoule fir d‘Schoulen

Reech d’Fakel weider! Rucksakbibliothéik vun de Schoule fir d‘Schoulen

Véiert Iwwerreechung vun der Rucksakbibliothéik am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg

De Projet Rucksakbibliothéik (RB) vun de Schoule fir d’Schoulen ass e Projet, deen 2017 vum Aarbechtsgrupp, pédagogie et sensibilisation vum Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale (CM2GM), deen dem Staatsministère ënnersteet, entwéckelt gouf. D’Madame Arlette Lommel ass Initiatorin a Koordinatorin vum Projet RB an aus dem Aarbechtsgrupp begleede Sie d’Lynn Samuel, d’José Trauffler an och den aktuellen Vizepresident den Här Guy Dockendorf.

Duerch die gutt Zesummenaarbecht an dat grousst Engagement vun de Schoulen, konnt de Projet sech iwwer all di Jore vergréisseren. Sou gëtt vu Joer zu Joer den Inhalt vun der RB erweidert a beräichert a reest vu Schoul zu Schoul fir z’inspiréieren a

matzerappen.

Bis elo hu schonn 18 Schoulen aus dem Secondaire, dem Fondamental an der

Erwuessenebildung matgemaach oder wäerten, en Attente vun der RB, matmaachen.

Vun dësen 18 Schoule sinn 9 UNESCO-Schoulen derbäi.

Et ass e fachiwwergräifende Projet, wärend deem, eng Schoulgemeinschaft, iwwert en

Zäitraum vun ongeféier engem Joer, iwwer Aktivitéiten am Geschichts-, Konscht-, Sproochen-, Museks…-Unterrecht, sech mat dem 2. Weltkrich ausernee setzt a probéiert d‘Verbindung mat haut ze fannen. Esou entstinn an de Schoule spannend an onvergiesslech Aktivitéiten a Kreatiounen; Filmer, Podcasten, Theaterstécker, Biller déi beréieren an zum Nodenken ureegen a bei der Iwwerreechung den anere Schoulen op eng lieweg Aart a Weis virgestallt ginn. Dëse Friddensprojet verfollegt d’Ziel, dass d’Schüler iwwert d‘Erënnerung un d‘Evenementer vum Zweete Weltkrich, d’Geschicht an d’Warnungen aus der Geschicht besser solle verstoen a léieren a géigesäitegem Respekt an a Solidaritéit ze liewen, opzestoen do wou Mënscherechter a Gefor sinn

an domat d’Fakel vu Generatioun zu Generatioun, vu Schoul zu Schoul, vu Schüler zu Schüler weider ze ginn.

Bei der Iwwerreechung dëst Joer am Conservatoire hunn d’Ecole Sainte-Sophie, de Cycle 4 vun der Grondschoul Bonnevoie-Gellé, d’Ecole de Commerce et de Gestion an de Lënster Lycée International School, d’RB weiderginn u follgend Schoulen:

Atert-Lycée vu Réiden / Lycée de Garçons vun Esch-Uelzecht / Dikrecher Kolléisch an

d‘Grondschoul Wobrécken vun Esch-Uelzecht.

E Mëttwoch de Moien, den 23. Oktober, waren nieft dem Chamberpresident, dem Här Claude Wiseler, d’Madame Elisabeth Margue, Justizministesch als Vertriederin vun der Regierung, den Direkter vum Conservatoire, den Här Marc Meyers, den 1. Schäffen, den Här Maurice Bauer, vun der Stad Lëtzebuerg, d’Madame Simone Beck, Presidentin vun der UNESCO Kommissioun an d’Madame Mélanie Trojan, di national Koordinatorin vun den UNESCOschoulen, d’Presidentin, d’Vize-Presidenten a Membere vum CM2GM, den Direkter vum Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Vertrieder vun den Organisatioune betreffend 2. Weltkrich.

 D’Madame Arlette Lommel huet allen Acteuren an hirer Begréissungsried e grousse Merci gesot, dass si sech d’Zäit geholl hunn, bei der 4. Iwwerreechung vun der RB, derbäi ze sinn an huet der Madame Maisy Ginter-Bonichaux an dem Här Albert Worré, extra Merci gesot, dass si mat hiren 100 resp. 97 Joer drop gehalen hunn als Zäitzeien ze kommen. D’Madame Lommel sot, dass „ de Projet RB, dee vu Joer zu Joer wiisst an domat och d’Diversitéit u gesammelten Informatiounen iwwert den 2. Weltkrich, och Erënnerungen, Gedanken, Expressiounen, Biller a Gefiller, Beispiller vu mënschlechem Verhalen, Biografien, all anescht all wichteg, wéi onendlech vill Facettë vun engem Riesendiamant, déi ureegen, sensibiliséieren an zum Nodenken an zur Verdéiwung invitéieren, an all zesummen de Räichtum vun der RB ausmaachen.

Reech d’Fakel weider, heescht de Projet… wéi eng Fakel?

D’ Fakel vun der FRÄIHEET an dem FRIDDEN, vun der Erënnerung u Verbriechen,

Onmënschlechkeet an Zerstéierung, d’Fakel vun der Mënschlechkeet, der Verantwortung als Weltbierger an dem Asaz fir deen Aneren a fir Woueregt a Gerechtegkeet…

D’Fakel vun den éiwege Werter weiderreechen an an eise Schoule Friddens- an

Mënscherechtserzéiung als iewescht Ziel definéieren.

…. „Mir, 2.3.4. Generatioun, all Eenzelnen vun eis, ass just e ganz klenge Maillon

an enger onendlech laanger Ketten, mee bei aller Bescheidenheet, dierfe mir awer net vergiessen, dass mir d’Fräiheet hunn, zesummen eppes Grousses kënne fäerdeg ze bréngen, eppes Bedeitungsvolles, genee esou wéi d’Schoulen eis dat haut, alt nees, wéi schonn sou oft, beweise wäerten. Probéieren ze verstoen an aus dem Fonken e Freedefeier entstoen ze loossen, e Feier vu Motivatioun, Engagement a Wäermt, vu Kraaft, Versteesdemech, Afillen a gedeelter Freed…Och wann et engem eigentlech fir ze kräische wier… Dir hutt d’Wuert léif Schülerinnen a Schüler!“ Dëst war een Deel aus der Madamm Lommel hirer ganz ergräifender a wonnerbarer Ried.

Duerch d’Präsenz vum Chamberpresident huet d’RB méi eng grouss Valeur kritt. A senger Usprooch huet hie fir di jonk Leit di richteg Wierder fonnt a si op hir Verantwortung fir d’Zukunft higewisen.

D’Madamm Elisabeth Margue huet sech an hirer Ried un d’Schüler geriicht a gesot, dass de Sujet vum 2. Weltkrich, Sie säit enger Visite an der Gedenkstätte Auschwitz an hirer Lycéeszäit net méi lass gelooss hätt an dass Sie sech säitdeem fir dëse Sujet engagéiert a Sie dofir em esou méi Projete wéi d’RB begréisst.

Den Direkter vum Conservatoire huet a senger Ried vu sengem Haus geschwat, dat

mat Musek a Konscht gefëllt ass, an esou Projeten ëmmer eng Plaz a sengem Haus

hunn.

D’Aussoe vun de Schoulen déi d’RB weider gereecht hu waren di Follgend:

„L’Ecole Sainte-Sophie a vécu comme un privilège et comme une très belle opportunité le fait d’avoir la Rucksakbibliothéik. Des élèves des différentes entités de notre école ont ainsi étudié de manière approfondie la Seconde Guerre mondiale. Ils ont ensuite réalisé des productions finales de natures variées pour exposer leurs travaux.

Le cycle 4 de l‘école fondamentale Bonnevoie-Gellé présentera les lieux de mémoire

de la ville de Luxembourg. Chaque enseignant a choisi un lieu de mémoire qu‘il présentera sous forme d‘une petite vidéo créée par les élèves.

L’École de Commerce et de Gestion est profondément attachée à la transmission de la

mémoire et des valeurs de paix et de tolérance. C’est ainsi que notre école a décidé de

participer au réseau des écoles associées à l’UNESCO et de proposer un projet pédagogique autour de la mémoire de la Seconde Guerre mondiale. Ce projet s’inscrit dans le cadre de la « Rucksakbibliothéik » qui a pour objectif de conserver la mémoire de ce conflit mondial.

Lënster Lycée International School Projet Rucksakbibliothéik: „Une Initiative pour garder vivante la Mémoire de la Seconde Guerre Mondiale et de l’Holocauste…“

Ee Schüler aus dem Lënster Lycée huet a senger Ried gesot:

---„In einer Welt, wie unserer, die vor vielen Herausforderungen steht, droht die Geschichte

oft zu verblassen. Doch können wir aus ihr so viel lernen. Deshalb brauchen wir immer

wieder Projekte, die uns an die Vergangenheit erinnern und uns vor den Fehlern dieser

bewahren.


Das Projekt RB erinnert uns an die Lehren des 2. Weltkriegs und des Holocaust, um uns

davor zu schützen, solche Fehler nochmals zu begehen. Dieses ehrgeizige Projekt zielt

darauf ab, uns Schüler und unsere Lehrer zu sensibilisieren und die neuen Generationen über die Schrecken dieser dunklen Epoche der Geschichte aufzuklären.“…

D’Schoulen hunn hier fantastesch a villfälteg Wierker an deen, am bildleche Sënn

genannte Rucksak, awer aus praktesche Grënn Wallis, fir hir Kolleeg/-Innen aus den

nächste 4 Schoulen hannerlooss.

No der Iwwerreechung, begleet vu feierlecher Piano- a Gei-musek vun de Kanner aus

der Grondschoul vu Bouneweg, huet d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mam CM2GM op de Verre de l’Amitié an den Hall vum Conservatoire agelueden, do wou d‘Schoulen hir kënschtleresch Aarbechten ausgestallt haten.

Di nächst 4 Schoulen hunn elo déi Zäit di si brauche fir hir Projete fir d’RB ze

realiséieren, nom Motto de Wee ass d’Ziel.

An hire Schlusswierder ënnersträicht d’Madame Lommel dass, well dës kreativ Projeten an de Schoulen aus déiwer Iwwerzeegung an ënnerer Motivatioun, perséinlechem Engagement, och deelweis an der Fräizäit, vun de Schüler an hiren Enseignanten realiséiert ginn, se oft vill méi déif gi wéi en obligatoresche Schoulprogramm. Den Projet behält esou d’Fräiheet fir d’Schüler, begleet vun hiren Enseignanten, sech ob hir Manéier auszedrécken an dëst ouni Drock an Zwang.

Dat ass d’Essenz an d’Originalitéit vum Projet a wäert och esou bäibehale ginn, fir dass

duerch eng laangwiereg, intensiv a spannend gemeinsam Aarbecht, a gedeelter Freed,

de Projet Rucksakbibliothéik en Opruff fir Engagement, Empathie, Verstees de mech a

Fridde bleift, an der Hoffnung, dass e fir di Jonk zu enger onvergiesslecher Erfarung

gëtt.

José Trauffler