Juxta Crucem: Mozart - Requiem an 25. Sinfonie
De 'Petit Ensemble de Notre-Dame de Luxembourg', d''Chapelle de la Maîtrise de la Cathédrale de Luxembourg', d''Chapelle de la Maîtrise de la Cathédrale de Metz' an den 'Orchestre de Chambre du Luxembourg' invitéieren op hire Passiounsconcert 'Juxta Crucem', deen den 9. Mäerz zu Montigny-lès-Metz an den 11. Mäerz an der Stater Kathedral ënnert der Leedung vum Antonio Grosu opgefouert gëtt. Um Programm stinn zwee bedeitend Wierker vum W.A. Mozart: de Requiem an déi 25. Sinfonie. Solisten sinn d'France Emond (Sopran), d'Magali Weber (Alt), den Alexandre Popescu (Tenor) an de Jean-Paul Majerus (Bass).
De Concert freides, den 9. Mäerz, an der Kierch St-Joseph zu Montigny-lès-Metz fänkt um 20.30 Auer un.
De Concert sonndes, den 11. Mäerz, an der Kathedral zu Lëtzebuerg, fänkt um 16 Auer un.
Ticketen (Prévente) fir de Concert an der Kathedral zu Lëtzebuerg ginn et um Knuedler am Luxembourg City Tourist Office. Den Entrée kascht 20 Euro. Kanner ënner 12 Joer si gratis.
www.pendl.lu
www.maitrise.lu
www.ocl.lu