Streetart vum Dulk aus Spuenien
De Kënschtler, deen d’Fassad vum Haus op der Lann zu Nidderwolz realiséiert huet, heescht Antonio Segura. Hie wunnt vu Valencia a Spuenien. Ënnert sengem Kënschtlernumm Dulk, huet hien sech am Urban Art an an der Wandmolerei eng gewësse Renommée verschaaft. No sengem Studium huet den Dulk sech och der Skulptur an der Fotografie higinn. Als Sujet dengen oft Déieren, déi vrum Ausstierwe bedreet sinn. Iwwert de Wee vun der Konscht wëllt hien op d’Verletzlechkeet vun der Natur an den Ökosystemer opmierksam maachen.
Dem Dulk säi Konschtwierk fënd een op 39, avenue de la Gare zu Wolz. Hei geet et op dem Kënschtler seng Homepage.
-luxembourgjungle.lu-